Salut,

Hues du tëschend 16 an 30 Joër, bass jonk, dynamësch an kreativ, an hues keng Problemer fir an enger flotter Equipe an enger gudder Ambiance ze schaffen, wëlls nei Kollegen a Kolleginnen kennen léieren, hues Loscht fir Dech fir eng gudd Saach anzesetzen oder fir anerer z’engagéiren, bass Bereed fir sozial Verantwortung z’iwwerhuelen ouni mussen op Spaas an Fräizäit ze verzichten, dann sin mir vielläicht déi richtëg Address fir Dech : den Leo Club Feierwon, Jugendorganisatioun vun der LIONS International Bewegung.

Mir sin eng Equipe vun 20-30 Memberen, offen an onkomplizéiert, déi sech 2 Samschdes am Mount ëm 18.00 Auer.

Wanns du elo fuerwëtzëg gin bass, fäert nët fir an eng Réunioun eranzekucken oder Dech op eiser Internetsäit www.leo.lu iwwert eis Objektiver z’informéiren. Komm maach mat bäi eis. Gären stinn dir eis Memberen zur Dispositioun fir Dir op Déng Froën Ried an Äntwert ze stoën. Schwätz rouëg mat Déngen Frënn oder Frënndinnen iwwert den LEO Club fir se fir eis Iddeën ze gewannen. Fir info.

Mir hoffen Dech an engen vun eisen nächsten Réuniounen kënnen ze begréissen.

De LEO CLUB Feierwon

affiche 32

Saturday the 20th. Leo Club Luxembourg Feierwon - Joomla Templates